top of page
Search
Writer's pictureJosiane

Stopp den Autopilot!

Dës Woch wor ech sou richteg am Jumm. Kaum Schlof, Bëbee krank, vill Zäit am Auto an am ëffentlechen Transport, vill Hin an Hir, 100 Saachen z’erleedegen an ze jongléieren, kaum Pausen.


Ech hu probéiert, mir kleng „Me-Momenter“ a Form vu Kaffien anzebauen, bis ech mir irgendwann d’Fro gestallt hunn: „Hues de lo grad wierklech e Kaffi gedronk oder net?“


Ech wor an deem berüümten Autopilotmodus.


Dësen ass an deem Sënn positiv, datt en eis et a Stresssituatiounen erlaabt, automatesch esou ze handelen, wéi et vun eis verlaangt ass, och wa mir mam Kapp net dobäi sinn. Wa mir z.B. virun der rouder Baustelleluucht stinn, eise Kapp schonns den nächsten Dag plangt a mir bei Gréng trotzdeem ufueren, ass et, well eise System di üblech Routinnen automatesch ofspullt.


Komme sou Autopilotphasë awer méi oft vir, weist dat eis, datt et um Gläichgewiicht an eisem Liewe feelt, mir ze vill Stress hunn, ze vill geréiere mussen oder eist Liewe vläit och ze eintöneg ass, soudatt mir an Automatisme verfalen.


Problematesch gëtt et, wann dat ganzt Liewe irgendwa just nach op Autopilot leeft. Et spullt een, ouni sech et nach bewosst ze maachen, all Dag di selwecht Routinn of, erënnert sech neméi un dat, wat een den Dag virdru gemaach huet. Et lieft ee viru sech hin, et iwwerlieft een, ouni eppes ze hunn, op dat ee sech freet.


Mee wat kann ee maachen, fir vu vir eran ze verhënneren, irgendwann just nach am Rad ze lafen? Wat kann ee maachen, wann ee mierkt, datt een ze heefeg an den Autopilotmodus ofrutscht?





- Fir d’éischt mol, an do kënnt dem Jon Kabat-Zinn seng Philosophie mat an d’Spill: Achtsamkeet a säin Alldag bréngen, ganz bewosst de géigewäertege Moment wouerhuelen, amplaz schonns an der Zukunft ze sinn oder iwwert d’Vergaangenheet nozedenken. All dat kascht eis nämlech onnéideg Energie.


Achtsamkeet ka schonns bei Klengegkeeten ufänken. Bei mir wor dat de Moie dann endlech mat mengem Kaffi, ob deen ech mech voll a ganz konzentréiert hunn, amplaz en niewebäi ze maachen a séier erofzeschëdden.


Wéi héiert et sech un, wann d’Waasser an de Behälter vun der Kaffismaschinn fléisst? Wéi verännert sech d’Geräisch vun der Maschinn, wärend se de Kaffi mécht? Wéi richt de frësche Kaffi? Wéi gesäit de Kaffisschaum aus, wéi sinn déi kleng Bléisercher? Wéi schmaacht di éischt Schlupp schwaarze Kaffi? Wéi fillt et sech un, wa se lues den Hals erofleeft? Wéi verännere sech de Goût an d’Temperatur vum Kaffi, wann ech Mandelmëllech a meng Tas maachen?


Mir huet dat op jiddefalls gehollef erofzekommen.



- Wéi ass et a puncto Bezéiungen? Frëndschaftlecher? Op Partnerschaftsebene? Hues de déi di läscht Zäit genuch gefleegt, oder leeft och hei alles routinéiert of?


Wéini woors de mat enger Frëndin e Kaffi drénken? An de Kino? ... Wéini hues de eppes mat denger Partnerin, dengem Partner ënnerholl, just fir iech, eppes Ongewinntes, wat dir soss net, respektiv net bewosst, net achtsam maacht? Wéini de Leit ronderëm dech ganz bewosst nogelauschtert an net just hallefhäerzeg, wärend s de mat de Gedanke schonns bei eppes aneschters woors?


- Eng kleng Analys vun dengen Ziler aleeën.


Hues de däer nach? Wat si kleng Saachen, déi s de dëst Joer nach ëmsetze wëll? Wat sinn deng méi grouss Ziler? Wat ass dir wichteg, an dengem Alldag z’implementéieren? Hei kann s de dir eng Lëscht maachen. A vläit einfach versichen, eppes Klenges ëmzesetzen, z.B. déi Bag Class am Sport auszeprobéieren, déi s de schonns säit 2 Joer wolls testen, mee fir déi s de nie Zäit fonnt hues.



Mäi Virschlag: Huel däi Kalenner an dro dir d'nächst Woch eng Stonn Zäit (a wann dat net geet, 1/2) an. En Date mat dir selwer. ;) Probéier, e klenge Bilan ze maachen:

Wou kann ech mir achtsam Momenter an den Alldag abauen? Wéi eng Aktivitéit géing mir richteg Freed maachen, däer ech ganz bewosst kéint nogoen? (Dat kann och just eng eemoleg Saach sinn.) Wat kéint ech als "Koppelzäit" aplangen? Wat wëll ech onbedéngt bis Enn Oktober hikritt hunn?


Sich dir dann eng Saach eraus fir de Mount Oktober, vun däer s de sécher bass, datt s de se och ëmgesat kriss. An zwar esou, datt s de ganz präsent dobäi bass an alles ganz bewosst wouerhëlls. Dro dir dës Aktivitéit an däi Kalenner an!


Du kanns och ee Mënsch aus dengem Ëmfeld aweien, deen dech drun erënnert an nofreet, ob s du däin Zil erreecht hues.


Vill Spaass dobäi! :)

35 views0 comments

Recent Posts

See All

コメント


bottom of page