top of page
IMG_0130.JPG

 

 

Ech sinn d'Josiane Hoffmann. Ech hunn dräi Kanner, déi a ganz ënnerschiddleche Phase sinn - Bëbeealter, Kandheet a Jugend. Si begleeden ze dierfen duerch d'Héichten an Déiften vum Liewen ass e grousse Kaddo.

Berufflich gesinn hunn ech iwwer siechzeng Joer Felderfahrung am Schoulberäich. Aktuell schaffen ech mat Kanner a  Jugendlecher mat sozio-emotionalem Förderbedarf. Ech gi mengem Beruff mat vill Häerzblutt no. Ech wees aus éischter Hand, datt et awer net ëmmer evident ass, de Spagat tëschend Beruff a Famill hinzekréien. D'Erausfuerdungen, deene sech Mataarbechter_innen am edukative Beräich stellen, kennen ech - virun allem, wann et méi wéi just e Beruff ass.  

 

Déi Mënschen, deenen ech op menger Aarbecht, op anere Plazen am soziale Beräich an natierlech och privat begéinen, si mir immens wichteg an ech freeë mech ëmmer, wa si hir komplex Liewensgeschichte mat mir deelen.

Fir di Leit ronderëm mech nach besser ënnerstëtzen ze kënnen, hunn ech mech 2016-2017 zur systemescher Coach beim renomméierte Kölner Institut für Angewandte Psychologie beim Prof. Dr. Manuel Tusch ausbilde gelooss. Dorunner ugeschloss hunn ech eng Formatioun fir Burnout-Coach un der bekannter Kenzinger Heilpraktiker- und Therapeutenschule Isolde Richter.

Ech hunn och d'Ausbildungen als Fachkraaft fir Traumapädagogik an DBT-Skills-Trainerin fir Jugendlecher a Famillen absolvéiert. Donieft hunn ech de Cours als "Secouriste en santé mentale" erfollegräich ofgeschloss. 

Vu menger Aarbecht aus hunn ech den "Zertifikat für pädagogische Fachkräfte in Entwicklungstherapie / Entwicklungspädagogik" nom Mary M. Wood gemaach.   

Aktuell suivéieren ech eng Formatioun an integrativer Léiertherapie.

Meng Approche ass systemesch-humanistesch an ech beméihe mech ëm e ganzheetleche Bléck op de Mënsch.

Fir ëmmer um neiste Stand ze bleiwen, huelen ech regelméisseg u Fortbildungen am Coachingberäich deel a suivéieren och Inter- a Supervisioun. Ech schwätze Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch, Englesch, Spuenesch an e bësse Portugisesch.

 

 

Image by Laura Chouette
bottom of page