top of page
Search
  • Writer's pictureJosiane

Cre8tive Women

Updated: Mar 7, 2020

Ech hat Iech e schonns e puer Mol op menger Facebook-Säit gepost, den neie Projet Cre8tive Women vum Michèle Schons. Hei kënnt Dir hatt am Interview liesen a spannend Ablécker an d'Welt vun der weiblecher Kreativitéit kréien.



1. Michèle, du hues en neie Projet an d’Liewe geruff – Cre8tive women. Kanns de eis e bësse beschreiwen, wourëms et dobäi geet?


Beim Projet Cre8tive Women geet et drëms, seng Intuitioun unzekuerbelen, eng ganz besonnesch Eegenschaft, déi all Mënsch vu Gebuert aus huet. Et ass déi bannenzeg Stëmm, eng Art gefilltent Wëssen, de sechste Sënn, wanns de esou wëlls.

Dëst Bauchgefill kennt keng Logik a verleet dozou, spontan Decisiounen ze huelen, ouni den Zesummenhang ze verstoen. En Talent wat mer dacks mat eisem Verstand, dem Kapp, bekämpfen. D’Indigenas benotzen dacks de Saz: “too much talking”. Si lauschteren nämlech haaptsächlech op d’Häerz an net op de Verstand, a ginn dovun aus, dass eng Kappdecisioun zeng nei Problemer mat sech bréngt.

An eiser westlecher Kultur gëtt dëss Muecht vum Ënnerbewosstsinn ganz staark ënnerschat, dobäi kann d’Intuitioun Informatiounen am Géigesaz zum Verstand 200.000 mol méi séier verschaffen. Mir mengen dacks, dass logescht Denken zu enger richteger Decisioun gefouert huet, ma a Wierklechkeet ass et d’Ënnerbewosstsinn, dat de bessere Choix mécht. Wann ee kreativ ass, sief et duerch Molen oder eng aner Beschäftegung, sinn déi permanent Gedankeberieselung an de Kappkino net präsent. Du bass ënnerlech roueg, zentréiert, an engem Espace, wou's de dech wuelfills, an deng Intuitioun kritt Raum. Deng Stëmm bannendra kann der de Wee weisen, well se sech net op dat bausse fokusséiert.

Bei Cre8tive women wëll ech genee déi zwou Saache matenee verbannen, nämlech e puer wertvoll Tipps an Exercisser mat op de Wee ginn, fir der Intuitioun Raum ze schafen, an donierft nach eppes z'erschafen, am kënschtlereche Sënn.

Donierft soll et en Espace sinn, dee fräi vu Jugementer ass, wou e befreienden Austausch ka stattfannen, a wou mer eis all kënne weise wéi mer eigentlech sinn, verletzlech, ouni Mask, einfach nëmme mënschlech.


2. Wat genee ass dat "intuitivt Molen", wat bei Cre8tive women eng Roll spillt? Wat ass dorunner anescht, wéi wann ech mech doheem ganz «klassesch» mat mengem Material u meng Staffelei setzen an e Bild molen?

Am Fong ass et keng wierklech grouss Differenz, ausser dass de der beim intuitive Mole kee wierklecht Bild am Virfeld méchs, iwwert dat, wat's de wëlls erschafen. Du hues kee Plang am Kapp, a sees "Ech molen elo e Bam, oder e Gesiicht", du léiss et einfach geschéien. Dat kann eppes sinn, wat dech vläit inspiréiert huet, et kann awer och en cours de route eréischt entstoen, oder sech souguer ëmmer nees veränneren. Däi Bauchgefill weisst der de Wee. E Stil gëtt et och net, an et steet alles zur Verfügung: Aquarell, Pastellkräid, Acryl, Mixed Media, Collage, Art Journaling, Graphitstëfter... Dat wat deng Stëmm der ebe grad seet, dat kanns de probéieren.


3. Wéi bass de dozou komm, dat «intuitivt Molen» an de Mëttelpunkt vun dengem Projet ze setzen?

Gemoolt hunn ech schon ëmmer gären. Wat mech awer an der Läscht immens faszinéiert huet, ware sämtlech Saachen, déi ech geléiert hunn, fir mech selwer ze reflektéieren an ze verstoen, firwat mer ticken, wéi mer eben ticken.

Dat ass eppes, wat dem Mënsch u sech am allerschwéierste fält, fir mol no bannen ze goen, an net ëmmer d’Ëmfeld ze beschëllege fir sämtlech Konflikter oder Mëssstänn, déi engem am Liewe begéinen.

Dëst kann op eng immens humorvoll Art a Weis geschéien, dass een op eemol richteg Freed un der Saach kritt, dass de Selbstwäert nees gestäerkt gëtt, an dass ee komplett nei Saachen a Säiten un sech entdeckt, déi ee virdrun net kannt huet, oder déi engem net bewosst waren.

Op eemol ass d’Liewen nees spannend a wonnerschéin!


4. Dem Titel no riicht sech däi Projet exklusiv u Fraen. Wisou? Wat wier da lo, wann e Mann wéillt matmaachen?


Mir Fraen hunn eng staark weiblech Urkraaft an eis, déi eis ëmmer op en Neits opriicht, an eis hëlleft, zu eisem Instinkt zeréckzefannen, egal, wat eis geschitt oder eis um Wee begéint. Dofir ass et vun Zäit zu Zäit néideg, e Bilan iwwert den Zoustand vun eiser Séil ze zéien an éierlech z’iwwerpréiwe wou mer dës weiblech Urnatur verdrängt oder scho begruewen hunn.

Mir hunn e grousst Potenzial, dat eis ëmmer nees erméiglecht, den Zougang zu deem kecke Meedchen ze fannen, dat onbeschwéiert, natierlech, oppen a voller Courage d’Liewen entdeckt, zeréckzefannen zu eiser onkomplizéierter Art, eisem Laache, Fuerwëtz, Wëssensdrang a Staunen.

D’Realitéit ass haut nach ëmmer déi, dass een ëmmer nach ze héiere kritt, mir wären dat schwaacht Geschlecht. Schwächt a Sensibilitéit sinn Eegenschaften, déi ëmmer nach der Fra zougeschriwwe ginn. Dobäi froen ech mech, ob et net dacks de Géigendeel sollt sinn?

Ausserdem sinn ech selwer eng Fra. Wär ech e Mann, hätt ech d’Säit wahrscheinlech Cre8tive Men genannt. Ech hu guer kee Problem wann sech och e Mann fir mäi Workshop begeeschtere géing, a wann et net passt, hunn ech e gudde Reseau, deen ech em viru recommandéiere kann. E wär also egal wéi, ëmmer a gudden Hänn.

5. Wat ass dir méi wichteg? De Prozess oder d’Resultat?

Definitiv de Prozess, well aus deem kënne ganz flott Resultater entstoen.


6. Wéi kann ee sech den Oflaf vun engem Workshop bei dir genee virstellen?

Mir ass et wichteg, fir sech t’éischt mol kennenzeléieren an sech géigensäiteg

auszetauschen, dass een sech och fräi ka fillen, an ongezwongen un d’Sach erugoe kann. Dono maache mer eng kleng musikalesch Rees no bannen, a kucken, wat doraus ervirgeet. E puer kleng Tuyeauen, wat Moltechniken ubelaangt, mat witzege Selbstreflexiounsspiller ronnen dat Ganzt of. An da losse mer eis vum Pinsel guidéieren a si gespaant, wat dobäi Flottes entsteet.


7. Wat passéiert mat de Biller vun denge Klienten?

Dat ass hinnen iwwerloss, si sinn natierlech ëmmer wëllkomm op menger Homepage, wou se eng speziell Plaz kréien. Awer wann een dat net wëll, an se léiwer fir sech molt, ass dat och ok. Alles dierf, näischt muss.


8. En Tipp aus denger Liewenserfahrung eraus un d’Fraewelt?


Eng vun de befreiendsten a wäertvollsten Aktiounen, déi's de no engem Stuerm, deen dech duerchgerëselt huet, maache kanns, ass opzestoen an deng Séil ze weisen.


9. Ergänz deen heite Saz: Konscht ass fir mech…

....Schokela fir de Kapp!


10. Wat sinn deng weider Projeten?

Wéi ech meng Homepage bis lancéiert hat, krut ech prompt eng Offer, fir e Buchcover ze molen, woumat ech ni am Liewe gerechent hat, awer wourop ech mech immens freeën.

Dat erëm beweist mer, dass d’Intuitioun mer ëmmer de richtege Wee weist, an nei Diiren opginn. Ech loosse mech iwwerraschen, wat nach alles um weidere Wee entsteet.


Fir weider Infoen a Kontakt:


121 views0 comments

Recent Posts

See All

Comments


bottom of page