top of page
Search
  • Writer's pictureJosiane

Eng Portioun Energie, w.e.g..!

Du kenns dat ganz sécher och - du erwächs moies a fills dech einfach dätsch. Keng Energie fir op d'Aarbecht oder an d'Schoul ze goen, Schwieregkeeten, an den Dag ze starten.


Wat kéint do hëllefen?


1. Beweegung


Beweegung ass ëmmer gutt - fir de Kierper an de Geescht. Fir däin Energiepeegel an d'Luucht ze dreiwen, hëlleft et, och, wann et schwéier fallt, d'Bett ze verloossen, duerch deng Wunneng ze goen, e puer Dehnübungen ze maachen (déi gi souguer am Bett) etc. Oder, wann s du net ze vill am Drock bass, di eng oder aner Haushaltstâche, déi leie bliwwen ass, z'erleedegen. Insgesamt ass et ubruecht, Sport a Beweegung an den Alldag anzebauen, och wann dat alt schwéier fällt. Et muss een awer net zum Top-Athlet oder der Top-Athletin mutéieren - 10 Minutten eraus trëppele goen, am beschten an d'Natur, ass besser wéi guer keng Beweegung.


2. Ootmung


E puer Mol hannertenee ganz bewosst lues an déif anootmen a laang ausootmen, am beschte bei enger oppener Fënster, ka Wonner wierken, wann s du en Energieboost brauchs. Du mierks direkt, datt s du méi wakreg bass, wann däi Kierper besser mat Sauerstoff versuergt gëtt. Den Otem ass souwisou eng Superkraaft, déi dir net just méi Energie a Kraaft gëtt, mee och z.B. géint Stress an Ängscht hëlleft.


3. Musek


Musek huet en immensen Afloss op eise Kierper an eis Psyche. Se wierkt sech e.a. op Häerzschlag, Bluttdrock, Ootmung, Muskeluspanung, Verdauung aus an op eise limbesche System, also deen Deel vun eisem Gehir, deen eis Emotioune veraarbecht. Musek kann also Glécksgefiller ausléisen, vitaliséierend sinn an eis sou richteg wakreg maachen. Test emol, wéi eng Lidder dech monter maachen a setz dir doraus eng Playlist zesummen, op déi s du direkt zréckgräife kanns, wann s du et brauchs. Bei mir ass dat z.B. "Vivimos siempre juntos" vum Nacho Cano oder "La fuerza del destino" vu Mecano.


4. Duschen


Wann s du staark genuch dofir bass, hëllefe Wiesselduschen - z.B. 1 Minutt waarm, 1 Minutt kal, dat Ganzt zweemol hannerteneen. Oder, manner hardcore, e Wiessel am 30-Sekonnen-Takt. Dat mécht definitiv wakreg a wierkt sech donieft och op däin Immunsystem aus.

Fir mech perséinlech fonktionnéiert allerdéngs am beschten, e puer Minutte richteg waarm ze duschen. A wann ech dann aus der Dusch klammen, suergt den Temperaturënnerscheed fir e Kick.

Duschen ass souwisou fir mech ëmmer mäi "Me-Moment" vum Dag. An dëse gëtt sou richteg optimal mat engem Duschgel, dee gutt richt oder wou Menthe dran ass, fir all d'Sënner unzereegen. Wärend dem Dusche kann een och Musek lafe loossen, souguer an der Dusch - iwwer Duschradio oder Duschlautsprecher, déi ee vun 20€ u kritt.


5. De Klassiker - Kaffi


Jo, lo sees de dir, datt dat wierklech total ausgelutscht ass als Tipp. Maach sinn, mee Kaffi kann dir e kuerzfristege Kick ginn, well de Koffein nämlech genee déi Rezeptore blockéiert, déi dengem Kierper signaliséieren, datt s du midd bass. Kaffi reegt ënner anerem och deng Muskel- an Häerztätegkeet un.

Natierlech gëllt hei wéi bei villem - ëmmer a Moosse genéissen. (Souguer e Kaffifan wéi ech kann et fäerdeg bréngen, op maximal 3 Tasen den Dag ze kommen - ech verroden dir awer besser net, wéi vill et der fréier mol woren :P.)

Wat kloer och hëlleft, ass Waasser mat e bëssen Zitrounejus an Ingwer, e gréngen Téi, e grénge Jus (ouni Zockerzousaz) oder e grénge Smoothie (am beschte selwer gemaach).


6. Däin Iessen


Dat, wat s du frühstücks, wierkt sech op däin Energielevel aus. Wat manner industriell hirgestallt a mat Industriezocker ugeräichert, wat besser. Ganz vermeide léisst sech dat am Alldag awer net ëmmer. An natierlech kann et z.B. sonndesmoies grad de gefëllte Croissant vum Bäcker sinn, deen dofir suergt, datt ee sech sou richteg entspaant a fit fillt.

Am Allgeménge sinn allerdéngs Uebst a Geméis, Vollkornproduiten, Nëss a Co. perfekt, fir moies d'Energiespäicheren opzetanken.

"Overnight Oats" z.B. ënnerstëtzen dech dobäi, fir moies an d'Gänk ze kommen. Se loosse sech ouni vill Gedeesëms virbereeden a kënnen och "on the go" giess ginn.

Huel dir e mëttelgrousst gespullt Cornichongsglas, schëtt 150ml Planzemëllech vun dengem Choix a 50 gr. Huewerflacken (mat/ouni Gluten) dran. 1-2 Téiläffele Leinsamen oder gehackten déck Nëss dobäi an eng Pouz Kanéil oder Mixed spice, vläit e bëssen Hunneg - an d'Saach ass gemaach. Bal... Du muss däi Glas just nach iwwer Nuecht an de Frigo stellen. Wann s de moies Zäit hues, kanns de nach Uebststécker an däi Glas maachen.

Wie léiwer salzeg ësst, ass mat enger Omelett (do ginn et och vegan Alternativen aus Kicherierbëssemiel z.B.), frësch geschniddene Paprikaen, Tomaten a Cornichongen an engem klenge Stéck Pumpernickel och gutt bedéngt.

A wann den Alldag sou stresseg ass, datt s de wierklech guer net zu all deem kënns - huel dir einfach eng Bannann mat! Bannannen hunn zwar eng jett Kuelenhydrater, mee gesonder, déi mir gutt verschaffen an déi eis sat maachen. Si liwweren eis e ganze Koup Mineralstoffer wéi Magnesium, Spurenelementer wéi Zénk a Kalzium, Vitaminnen (C e.a.). Bannannen enthalen och Tryptophan, wat mir brauchen, fir d' "Gléckshormon" Serotonin kënnen ze produzéieren. Du gesäiss, dat krommt Uebst kann dir e richtegen Energieboost ginn. (Eigentlech misst een e ganze Blogartikel iwwert Bannanne maachen ;) ).


A wat ass däin Tipp, fir moies méi Energie ze kréien?





41 views0 comments

Recent Posts

See All
bottom of page