top of page
Search
  • Writer's pictureJosiane

Et ass ze vill...

Du kenns d’Gefill, datt grad lo, grad am Moment, alles ze vill ass. D’Gefill, datt et grad net geet. D’Gefill, datt dech alles erdréckt: deng dausend Aufgaben, déi op der Aarbecht waarden, denge Léifsten hir ënnerschiddlech Besoinen, deng Uspréch un dech selwer, alles beieneen ze wuppen, Famill, Beruff, Haushalt, Hobbyen, Sozialliewen, Sport a Me-Time.


An eiser Gesellschaft ass et awer leider nach ëmmer verpönt, sech iwwerwältegt ze fillen. Et gëlt als Zeeche vu Schwächt. Kee Wonner, datt mir dat oft net zougi wëllen a maachen, wéi wa mir alles locker-flockeg am Grëff hätten. An dobäi gëtt et sécher kaum ee Mënsch op dëser Welt, dee sech net schonns di eng oder aner Kéier iwwerfuerdert gefillt huet. An dat dierf een och. Et ass gutt a wichteg, sech mol iwwermannt ze fillen, well dat e.a. en Hiweis ass, d’Brems ze zéien.


Mee wat hëlleft, wann ee sech iwwerfuerdert fillt?



1. Eng Paus aleeën a sief et och just eng kuerz. Vill vun eis hunn a Situatiounen, wou se sech iwwerfuerdert fillen, den Drang, nach méi ze botteren, an der Hoffnung, datt si sou d’Gefill vun der Iwwerwältegung méi séier iwwerwannen. Oft ass de Géigendeel de Fall – et fillt sech alles nach méi schlëmm un. E kuerze Spadséiergank, e puer Säiten an engem Buch, eng hallef Folleg Netflix, eng kleng Meditatioun, e Kaffi oder Téi ouni Oflenkung drénken asw. – all dës kleng Drëpse "self-care" kënnen hëllefen, e bëssen op Distanz ze goen an opzeootmen.



2. Mindful self-compassion, achtsaamt Matgefill mat sech selwer. Mat sech selwer Matgefill hunn, kléngt u sech e bësse banal. Mee wéi oft fille mir mat anere mat an hu gläichzäiteg 0 Matgefill mat eis selwer. Et sollt een also versichen, mat sech selwer a schwéiere Momenter sou ëmzegoen, wéi een dat mat enger gudder Frëndin oder engem Frënd géing maachen. Ech sinn e ganz grousse Fan vun der amerikanescher Psychologiesproff Kristin Neff, enger Top-Expertin op deem Gebitt. Hir no ginn et 3 zentral Elementer bei der „mindful self-compassion“:


A. Achtsam sinn: Du bleifs am géigewäertege Moment, denks net u gëscht a muer, net un all dat, wat nach op dech zoukënnt, léiss deng aktuell Gefiller a Gedanken zou, ouni se ze bewäerten oder ze verurdeelen. Du hëlls se wouer a léiss dech och op manner agreabel Gedanken a Gefiller an. Du erkenns un, datt s de dech zum Beispill grad iwwerwältegt vun all dengen Aufgaben am Beruff an doheem fills, mee ouni dech wéint denge Gefiller a Gedanke fäerdeg ze maachen.

2. Léif si mat sech selwer: Dat ass keen Egoismus, sech selwer ze tréischten an z’ënnerstëtzen. „Ok, du hues dech lo einfach en Tick ze vill iwwert denge Kanner hir Zëmmeren opgereegt. Mee du bass ze vill am Drock wéint der Aarbecht grad. D’Welt geet awer net ënner. Du schwätz mat hinnen a méchs et di nächste Kéier besser.“

3. Zesumme Mënsch sinn: Du erkenns eng gemeinsam mënschlech Erfarung un. Mir sëtzen all an engem Boot, mir maachen all Feeler, mir hunn änlech Gefiller, Suergen, schwéier Situatiounen. Grad d’Péng an d’Leiden deele mir mat aneren. „Ech sinn net eleng deen oder dat, wat sech iwwerfuerdert fillt. Milliounen anere Leit geet et genee sou. Honnerte vun aneren Eltere froe sech z.B., ob se hir Kanner adäquat ënnerstëtze grad. Verschiddener sëtze vläit am Appartement vis-à-vis vu mir an hunn, wéi ech, d’Gefill, datt se net duerch dës Woch kommen, well Rentrée ass an am Beruff och eng jett uläit."

Ech perséinlech fannen et ëmmer ganz tréischtlech, mech a Gedanke mat deene Leit ze verbannen, déi sech sou fille wéi ech grad. Ech stelle mir dann di Mënsche vir, wéi se a verschiddene Stied uechter d’Welt sëtzen a wéi d'Gefiller an hinnen héichkommen.


Et ginn iwwregens x héichkaräteg Studien, déi beleeën, datt achtsaamt Matgefill mat engem selwer ee stäerkt. Et ass ee méi resilient, méi gesond, méi motivéiert. Den Depressiouns- an Angschtstéirungsrisiko geet dramatesch erof a souguer am Fall vun engem Trauma ass PTBS duerch déi Approche manner heefeg. Et muss een dat achtsaamt Matgefill mat sech selwer natierlech regelméisseg üben, dee "Muskel" wéi am Sport trainéieren. (Dat verhënnert natierlech net, datt een tëschenduerch mol flippt, mee et ass een doduerch awer nees méi séier bei sech.) E léiwe Geste fir sech selwer ze fannen, sech an den Aarm ze huelen, seng Hand op d’Häerz ze leeën, wärend ee „mindful self-compassion“ praktizéiert, verstäerkt d’Wierkung.



3. Aufgabe prioriséieren. Huel e Blat Pabeier. Maach dir 2 Kolonnen. An däer enger hälls de déi Saache fest, déi wierklech wichteg sinn an onbedéngt dës Woch nach erleedegt musse ginn. Verdeel dir se dann op déi Deeg, wou et am beschte passt. An di aner Kolonn schreifs de all dat, wat net sou wichteg ass grad. An dann zortéiers de: Wat kann ech dovunner delegéieren, wat kann ech souguer ganz ewechloossen? Wat bleift? Wéi kann ech mir dat op di nächst Deeg a Wochen opdeelen?



4. Less is more – fort mat onnéidegem Ballast. Wat trëllt doheem, ouni datt s de et je benotz? Verschenk et, verkaf et, bréng et op de Recycling, mee fort domat, datt s de méi Raum hues. Wéi ass et mat dengem Schreifdësch? Organiséier dir en esou, datt s de dat, wat s de brauch, direkt bei Hand hues an en iwwersiichtlech ass.

Bass de a 500 Aarbechtsgruppen? Hues 300 Reuniounen all Dag op der Aarbecht? Méchs 10 Formatioune parallel? Hues 20 Hobbyen a bass an 12 Clubs gläichzäiteg? All Weekend eng Dosë sozial Aktivitéiten? Reduzéier och hei.

Wéi ass et mat E-Mailen? Mell dech vun all deenen Newsletteren of, déi s de nie lies, plang dir fix Zäiten an, fir deng Mails ze checken.



Courage dir! A vergiess net: Du bass net dat Eenzegt, net deen Eenzegen, deem et grad zevill ass.







137 views0 comments

Recent Posts

See All
bottom of page