top of page
Search
  • Josiane

Kanner an hiert Selbstvertrauen


Wie wënscht sech dat net? Datt säi Kand, seng Kanner oder di Kanner, mat deenen et oder en am privaten oder berufflechen Alldag Kontakt huet, e gesond Selbstvertrauen hunn.

Dat heescht, datt si un hir eege Fähegkeeten an hir Kraaft gleewen a wëssen, datt se déi an erausfuerdernde Situatiounen asetze kënnen.

Net genuch Selbstvertraue kann dozou féieren, datt een onsécher ass, zevill u sech zweifelt, sech net traut, Problemer unzepaken, sech op nei Aventuren anzeloossen a seng Ziler ze erreechen.

Mee wéi kann ee Kanner ënnerstëtzen, datt se méi Selbstvertrauen hunn?

Kanner brauche Virbiller, och selbstbewosst Virbiller. Dofir ass et wichteg, datt een als Erwuessene mol bei sech selwer ufänkt. Wéi ass et mam Gefill fir di eege Fähegkeeten? Wéi wäit gleeft een u sech selwer an ass houfreg, an engem positive Sënn, op dat, wat een erreecht huet? Kanner mierken, wéi Erwuessener, mat deene si enke Kontakt hunn, zu sech selwer stinn. Wann déi extrem vill u sech zweifelen, iwwerhuele Kanner di Haltung séier. Dat heescht natierlech net, datt een als Erwuessene muss perfekt sinn an engem kee Feeler ënnerlafen däerf. Et ass éischter den Ëmgank mat Onzoulänglechkeeten, dat offent Stoen dozou an de Wonsch a Wëllen, et besser ze maachen, aus Feeler ze léieren. Och dat ass wichteg fir Kanner.

Kanner brauchen Erwuessener, déi u se gleewen, déi hinne vertrauen an di iwwerzeecht sinn, datt si capabel sinn, hir Ziler z'erreechen. An dat mussen di Erwuessen hinnen och vermëttelen. Schlëmm fannen ech perséinlech, wann a Präsenz vun de Kanner Erwuessener hir Fähegkeeten total a Fro stellen, oft mat Killermessagen à la "Dee kann souwisou näischt, dat kritt egal wéi näischt ronn...".

Kanner brauchen Erwuessener, déi se encouragéieren, Neies auszeprobéieren, keng Helikoptererwuessener, déi all Hürd vun hinnen ewechhalen oder se an hirer Plaz iwwerwanne wëllen. A wann et net direkt klappt, ass och nach näischt verluer. Wichteg ass nämlech och, den Effort an d'Motivatioun vun de Kanner ze valoriséieren, déi si bréngen, fir eppes Neies ze testen.

Kanner brauchen Erwuessener, déi hinnen Challenge stellen, Challengen, déi esou sinn, datt schonns en Effort verlaangt ass, di awer mat de Kanner hiren individuelle Fähegkeeten z'erreeche sinn a kee Frust ausléisen. Zevill Drock ass definitiv net gutt. Wie schonns 10-Jähreger a Richtung akademesch Karriär drängt, läit falsch. Kanner sollen hire Wee goen, net den Erwuessenen hir Erwaardungen erfëllen. A wie Kanner dauernd bewosst mat anere vergläicht, déi et viiiiilllll besser maachen, sollt déi Haltung och iwwerdenken.

Kanner brauchen Erwuessener, déi fir si do sinn, mat deene se schwätze kënnen, déi si seriös huelen an hir Selbstzweifel opfänken. Déi hinne vläit och eng aner Perspektiv vermëttelen. Wa Kanner sech z.B. a Fro stellen a sech als e Wiese mat Makele gesinn, well si sech duerch Äußerlechkeeten, Léierschwieregkeeten, Krankheeten asw. vu Matschüler_innen ënnerscheeden, ass et wichteg, datt si dat kënnen uschwätzen an datt Erwuessener versichen, dat Positivt un deem, wat si anescht mécht, erauszefannen. An natierlech och hir Ressourcen ze bestëmmen.

Kanner brauchen Erwuessener, déi se luewen, awer net op eng iwwerdriwwen Aart a Weis fir all Kléngegkeet, mee ganz gezilt a virun allem éierlech, wa si eppes hikréien, wat se bis ewell net hikritt hunn. Wichteg ass, wéi gesot, de Wee bis dohinner ze luewen, net just d'Resultat.


22 views0 comments

Recent Posts

See All
bottom of page