top of page
Search
  • Josiane

Advent, Advent, Adventskalenner...


Haut ass den 1. Advent an deen een oder dat anert vun iech huet sécher schonns eng Käerz um Adventskranz ugefaang.

A ganz egal, ob ee gleewege Chrëscht/ gleeweg Chrëschtin ass, enger anerer Relioun ugehéiert oder guer net reliéis ass, et mécht Spaass, sech op dat grousst Familljefest virzebereeden.

Di Zäit virum 25. Dezember léisst een, obwuel se meeschtens hektesch ass, trotzdeem öfters mol eng kleng Paus aleeë, fir nozedenken an e Gank zréckzeschalten.

En Highlight ass a bleift dobäi och den Adventskalenner, deen ee mat villen Iwwerraschungen duerch di kal Wochen am Dezember begleet. Verschidde Leit behaapte jo souguer, dat wier fir si den eenzege Grond, fir moies opzestoen tëscht dem 1. a 24.12. Di puer relax a spannend Minutte moies virum Kalenner als Highlight vum Dag.

Mir kruten dëst Joer en Advents-Gewürzkalenner vu ganz léiwe Frënn geschenkt. Sou een hate mer bis ewell nach net. Ech hu lo grad mat dem Gewürz, wat hannert der éischter Dierche verstoppt wor, eng Spekulatius-Creme gemaach, déi sech zwou Wochen hält. An dat huet richteg Spaass gemaach.

Eis Kanner sinn dëst Joer ganz minimalistesch ënnerwee fir d'Feierdeeg - op hire Wonsch hin. Dat gëllt och fir den Adventskalenner.

Se wollten net deen übleche mam ville Schockela, mee ee ganz perséinleche vun eis mat lauter Saachen, déi een net ze kafe kritt an déi e bëssen ewech vum typesche Chrëscht-Konsum féieren.

Ok, sou 100%eg ass et eis nun net gelongen, mee mir si schonns net sou schlecht. ;)

A wie wees: Vläit freet dir iech, och wann den Advent haut ugefaanen huet, iwwer e bëssen Inspiratioun fir di nächst Wochen:

Dag 1: en kleng, mee ëmweltfrëndlech Spruddeltablett fir an d'Bidden

Dag 2: eng extra erausgesichte Geschicht fir owes

Dag 3: eppes, wat mir genial un eise Kanner fannen

Dag 4: eppes Schéines, wat mir eise Kanner wënschen

Dag 5: e flotte Sproch, fir driwwer nozedenken

Dag 6: all Kand kritt säi Lieblingsiessen owes gekacht

Dag 7: 3 Stonnen exklusiv Zäit mam der Mamm oder dem Papp

Dag 8: e Rätsel, wat muss geléisst ginn

Dag 9: en Ausmolbild / e Mandala

Dag 10: e Witz

Dag 11: ee Fairtrade Schokotéi

Dag 12: e Film zesummen um Canapé

Dag 13: eng Extra-Kuschel-Séance

Dag 14: eng Klangschalemassage

Dag 15: 3 Stonnen exklusiv Zäit mat der Mamm oder dem Papp

Dag 16: eng Extrafrisur fir an d'Schoul

Dag 17: Schockelasbréidercher selwer baken

Dag 18: eng Fantasierees

Dag 19: eng séiss Bébéfoto

Dag 20: eng schéin Erënnerung aus der Kandheet

Dag 22: e leckere Schocki mat Chrëschtgewürz

Dag 23: e Chrëschtspadséiergank

Dag 24: e klénge Schokokleeschen

An deem Sënn: Genéisst den Owend vum 1. Advent! :)


12 views0 comments

Recent Posts

See All
bottom of page