top of page
Search
  • Josiane

Neijooschdown


E ganze Koup Leit ronderem dech sinn top gelaunt, wënschen dir ganz euphoresch e gutt neit Joer, stieche voller Iddiën, wéi se 2019 gestalte kënnen.

Mee du fills dech melancholesch, traureg, zimmlech down, a kanns dir mol net erklären, wourunner et läit. Den Driff ass fort, du bass midd an dätsch, empfënns Onsécherheet.

Fir dech ze berouegen: Sou aussergewéinlech sinn deng Gefiller a Gedankegäng zu dëser Joereszäit net. Vill Leit entwéckelen dräi Deeg vir an dräi Deeg nom Joereswiessel negativ Gedanken.

Kee Wonner, ass dat dach grad déi Zäit, an däer ee Bilanz zitt, kuckt, wat am ale Joer gutt a manner gutt gelaf ass, e Bléck op d'Réckschléi werft, déi een huet missen astiechen. Et freet ee sech och, wat dat neit Joer bréngt, wat zu villen Zweifele féiere kann.

Natierlech spillt bei denger Stëmmung och di däischter Joereszäit eng Roll, di ee souwisou méi midd an nodenklech mécht.

Wat kanns de maachen? Natierlech d'éischt mol deng Gefiller zouloossen.

An dann, amplaz dech just op dat Negativt aus dem Joer 2018 ze fixéieren, wier elo de Moment do, och e puer positiv Saache festzehalen.

Huel dir einfach fënnef Post-Its a schreif op all Blat eppes Guddes op, wat zejoert markéiert huet. Dat musse jo lo net di riseg Geschützer sinn, och schéi kleng Momenter, z.B. e flott Gespréich mat engem léiwe Mënsch, kënnen dozou gehéieren. Looss déi Revue passéieren. An huel dir Zäit dofir.

Wat ass mat 2019? Wat wënschs de dir? Maach dir mol eng Lëscht mat wéinstens fënnef Saachen.

Sich dir déi fir dech wichtegst eraus. Wéi kanns de se erreechen? Wat brauchs de fir se z'erreechen? Hal dir e puer Iddië schrëftlech fest.

A lo maach deng Aen zou a stell dir mol fir, du häss dat Zil erreecht. Wéi fillt sech dat un? Wat gesäiss de ronderem dech? Wie freet sech mat dir? Mol dir a Gedanken d'Detailer vun deem flotte Moment aus.

Vläit wier et jo och eng Iddi, eng Ronn spadséieren ze goen an dir dobausse Gedanken iwwert dat Schéint, wat di nächst 12 Méint bréngen, ze maachen.

Da fills de dech sécher gläich eng Grimmel besser. :)


60 views0 comments

Recent Posts

See All
bottom of page