top of page
Search

Rouh...

Josiane

De Robert Koch hat et virausgesot: "Enges Dags wäert de Kaméidi de Feind Nummer eent fir eis Gesondheet sinn."

Hautesdags si mir, besonnesch, wa mer an der Stad schaffen a virun allem wunnen, immens ville Geräuscher, immens vill Kaméidi ausgesat - am normalen Alldag a bei ville Leit speziell och am Beruff, deem si noginn.

Du kenns dat aus dengem Alldag: dat haart Gekickels vun den Teenië moies am Bus, de Kaméidi aus dem Stroosseverkéier, d'Pneuen, déi quietschen, wann d'Autoë sou just nach virun der rouder Luucht gebremst kréien, d'Diere vun de Camionën, déi d'Restaurantë beliwweren, de Won vum Service d'hygiène, deen d'Stroosse kiert, de Kaméidi vun de Maschinnen, déi agesat ginn, fir d'Tramsligne auszebauen, d'Kaffismaschinn op der Aarbecht, de Printer, deen dauernd leeft, d'Dieren, déi klaken, d'Clientën, déi haart diskutéieren, d'Geräuschkuliss am Restaurant an denger Mëttespaus, d'Musek, déi aus dem Lautspriecher kënnt, den Zuch, dee bremst, nodeems en an d'Gare agefuer ass, däin Highspeed-Blender owes an der Kichen, däi Mailprogramm, deen och no der Aarbecht am Sekonnentakt pingt, deng Kanner, déi streiden, deng Spullmaschinn, déi leeft, d'Telëe, déi un ass, den Noper, deen um 22 Auer op d'Iddi kënnt, an d'Mauer ze bueren, däi WhatsApp, deen nuets geet, de Wecker op Snooze, moies d'Waasser vun der Dusch, de Föhn, dee brummt...

En ze héije Schallpegel schiedegt eist Gehéier. Kaméidi, deen eis op de Su geet, versetzt eis an e Stresszoustand, mir schëdden deemno Stresshormoner aus. Eis Konzentratioun leid, wann zevill Kaméidi ass, mir ginn aggressiv, midd, nervös, hunn deels Problemer mam Häerz, Kreeslaf a Bluttdrock, eise Schlof ass neméi erhuelsam. Dat mierkt ee virun allem och bei Kanner, déi vill Kaméidi ausgesat sinn.

Natierlech brauche mir Mënschen déi Geräuscher, fir eis kënnen z'orientéieren a fir eist Gehéier ze trainéieren.

Mee heiansdo geet engem dat Ganzt dach fatzeg un d'Nerven an et wënscht ee sech Rouh, oder?

Mee wou fënnt een déi Rouh hautesdags?

Ech kenne vill Leit, déi an e Retreat ginn, souguer deels an e Klouschter, wou d'Schwätzen dagsiwwer verbueden ass, fir einfach e puer Deeg total ze deconnectéieren, virun allem och vum Alldagskaméidi.

Sou wäit muss ee mol net goen. Et brauch een och kee schalldicht Zëmmer doheem. Et hëlleft schonns, wann ee vun Zäit zu Zäit an de Bësch geet. Natierlech net, wann een um amenagéierten Trëppelwee bleift, mee einfach déif an de Bësch erageet, dohinner, wou d'Beem d'Geräuscher aus eisem Alldag ofschwächen a wou ee just nach "Bëschgeräuscher" héiert.

Kierchen, fannen ech, an dat lo ouni reliéis ze sinn, erlaben engem et am Alldag, hannert hiren décke Mauere kuerz vun der gewinnter Geräuschkuliss ofzeschalten. Nieft de Kierche läit oft de Kierfecht. Och wa vill Leit et makaber fannen, doriwwer ze trëppelen, ass dat awer eng Plaz, déi eng absolut Rouh a Friddlechkeet ausstraalt, wou wéineg Kaméidi ass.

Doheem kann ee sech och zéng Minutte Rouh gënnen, wann ee ganz eleng do ass. Et schalt een den Handy, Computer, d'Tëlee aus an zitt sech an en Zëmmer zréck, wat net grad op der Haaptstrooss läit. An dann Aen zou, entspaant dohinner sëtzen, déif an an aus otmen a sech a seng Gedanken einfach dreiwe loossen.

An deem Sënn: Gënn dir e bësse Rouh. :) :)


39 views0 comments

Recent Posts

See All
bottom of page