top of page
Search
  • Josiane

Di gutt Virsäz fir 2019


Gläich ass den 31.12. an domat Enn vum Joer. Du kenns et och - deen Dag hëllt ee sech oft ganz fest Virsäz fir dat neit Joer. Leider ass et awer meeschtens esou, datt een 3/4 dovunner schonns no enger knapper Woch kippt. Oder? Du gëss mer sécher Recht.

D'Fro ass elo, wats de maache kanns, fir d'Chancen z'erhéijen, datts de deng Virsäz 2019 och anhälls.

Hei e puer "Tricker":

1. Manner amplaz méi: Amplaz dir honnert verschidde Virsäz ze huelen, léiwer mol een erauspicken. An dee soll dir wierklech wichteg, also en Häerzensvirsaz ♥️, a virun allem realistesch (!!) sinn.

2. Dee Virsaz formuléiers du ganz konkret, méchs en Zil draus. Schaff hei och mat konkreten Datummer a bleif mol fir d'éischt relativ zäitno, z.B.: "Ech wëll tëscht dem 1. Januar an dem 15. Februar 2019 all Moies beim Kaffi ee grénge Smoothie amplaz Jus aus dem Tetrapak drénken" amplaz "Dëst Joer gëtt lo mol ganz gesond gelieft."

3. Schreif dir dee Virsaz op, fir datt en net diffus anzwousch an dengem Kapp kreest✍️; du kanns en op e Post-It un de Spiggel pechen, an däin Handy tippen, dir en all Moies beim Opstoen an owes beim Schlofegoen nach eemol ukucken, e bewosst duerchliesen.

4. Iwwerlee dir, wats du vun Zäit, Opwand an Asaz brauchs, fir de Virsaz och ëmzesetzen. Schreif dir dat och op a bau et beim normale Wocheplanning mat an, z.B. eemol d'Woch frëscht Biouebst a -geméis kafe goen; an der Woch owes Uebst a Geméis schnëppelen an et a Boxen am Frigo stockéieren, fir moies ouni Stress de Smoothie zesummenzewierfelen...

5. Setz dech selwer awer lo net zevill ënner Drock; gëff dir mol wéinstens ee Mount, fir dat Ganzt z'implementéieren 💪. Di éischt Deeg sinn ëmmer di schwéierst. Et geet eben net vun haut op muer, Virsäz ze konkretiséieren, dat brauch ebe Motivatioun, Zäit an Disziplin.

A vläit hues du jo och Loscht, dech z.B. mat engem Frënd, enger Kollegin, engem Familljemember zesummenzedinn? Grad Kanner kann ee jo motivéieren, hire Virsaz anzehalen, wann ee selwer mam gudde Beispill virgeet.

An dat Allerwichtegst: Lee einfach emol lass!! :) :)

Bonne chance dobäi 🍀🍀


31 views0 comments

Recent Posts

See All
bottom of page