your-coachyour-coachhttps://www.your-coach.lu/blogKanner an hiert Selbstvertrauen]]>Josianehttps://www.your-coach.lu/single-post/2019/12/07/Kanner-an-hiert-Selbstvertrauenhttps://www.your-coach.lu/single-post/2019/12/07/Kanner-an-hiert-SelbstvertrauenSat, 07 Dec 2019 10:53:46 +0000
Wie wënscht sech dat net? Datt säi Kand, seng Kanner oder di Kanner, mat deenen et oder en am privaten oder berufflechen Alldag Kontakt huet, e gesond Selbstvertrauen hunn.
Dat heescht, datt si un hir eege Fähegkeeten an hir Kraaft gleewen a wëssen, datt se déi an erausfuerdernde Situatiounen asetze kënnen.
Net genuch Selbstvertraue kann dozou féieren, datt een onsécher ass, zevill u sech zweifelt, sech net traut, Problemer unzepaken, sech op nei Aventuren anzeloossen a seng Ziler ze erreechen.
Mee wéi kann ee Kanner ënnerstëtzen, datt se méi Selbstvertrauen hunn?
Kanner brauche Virbiller, och selbstbewosst Virbiller. Dofir ass et wichteg, datt een als Erwuessene mol bei sech selwer ufänkt. Wéi ass et mam Gefill fir di eege Fähegkeeten? Wéi wäit gleeft een u sech selwer an ass houfreg, an engem positive Sënn, op dat, wat een erreecht huet? Kanner mierken, wéi Erwuessener, mat deene si enke Kontakt hunn, zu sech selwer stinn. Wann déi extrem vill u sech zweifelen, iwwerhuele Kanner di Haltung séier. Dat heescht natierlech net, datt een als Erwuessene muss perfekt sinn an engem kee Feeler ënnerlafen däerf. Et ass éischter den Ëmgank mat Onzoulänglechkeeten, dat offent Stoen dozou an de Wonsch a Wëllen, et besser ze maachen, aus Feeler ze léieren. Och dat ass wichteg fir Kanner.
Kanner brauchen Erwuessener, déi u se gleewen, déi hinne vertrauen an di iwwerzeecht sinn, datt si capabel sinn, hir Ziler z'erreechen. An dat mussen di Erwuessen hinnen och vermëttelen. Schlëmm fannen ech perséinlech, wann a Präsenz vun de Kanner Erwuessener hir Fähegkeeten total a Fro stellen, oft mat Killermessagen à la "Dee kann souwisou näischt, dat kritt egal wéi näischt ronn...".
Kanner brauchen Erwuessener, déi se encouragéieren, Neies auszeprobéieren, keng Helikoptererwuessener, déi all Hürd vun hinnen ewechhalen oder se an hirer Plaz iwwerwanne wëllen. A wann et net direkt klappt, ass och nach näischt verluer. Wichteg ass nämlech och, den Effort an d'Motivatioun vun de Kanner ze valoriséieren, déi si bréngen, fir eppes Neies ze testen.
Kanner brauchen Erwuessener, déi hinnen Challenge stellen, Challengen, déi esou sinn, datt schonns en Effort verlaangt ass, di awer mat de Kanner hiren individuelle Fähegkeeten z'erreeche sinn a kee Frust ausléisen. Zevill Drock ass definitiv net gutt. Wie schonns 10-Jähreger a Richtung akademesch Karriär drängt, läit falsch. Kanner sollen hire Wee goen, net den Erwuessenen hir Erwaardungen erfëllen. A wie Kanner dauernd bewosst mat anere vergläicht, déi et viiiiilllll besser maachen, sollt déi Haltung och iwwerdenken.
Kanner brauchen Erwuessener, déi fir si do sinn, mat deene se schwätze kënnen, déi si seriös huelen an hir Selbstzweifel opfänken. Déi hinne vläit och eng aner Perspektiv vermëttelen. Wa Kanner sech z.B. a Fro stellen a sech als e Wiese mat Makele gesinn, well si sech duerch Äußerlechkeeten, Léierschwieregkeeten, Krankheeten asw. vu Matschüler_innen ënnerscheeden, ass et wichteg, datt si dat kënnen uschwätzen an datt Erwuessener versichen, dat Positivt un deem, wat si anescht mécht, erauszefannen. An natierlech och hir Ressourcen ze bestëmmen.
Kanner brauchen Erwuessener, déi se luewen, awer net op eng iwwerdriwwen Aart a Weis fir all Kléngegkeet, mee ganz gezilt a virun allem éierlech, wa si eppes hikréien, wat se bis ewell net hikritt hunn. Wichteg ass, wéi gesot, de Wee bis dohinner ze luewen, net just d'Resultat.
]]>
Advent, Advent, Adventskalenner...]]>Josianehttps://www.your-coach.lu/single-post/2019/12/01/Advent-Advent-Adventskalennerhttps://www.your-coach.lu/single-post/2019/12/01/Advent-Advent-AdventskalennerSun, 01 Dec 2019 18:45:34 +0000
Haut ass den 1. Advent an deen een oder dat anert vun iech huet sécher schonns eng Käerz um Adventskranz ugefaang.
A ganz egal, ob ee gleewege Chrëscht/ gleeweg Chrëschtin ass, enger anerer Relioun ugehéiert oder guer net reliéis ass, et mécht Spaass, sech op dat grousst Familljefest virzebereeden.
Di Zäit virum 25. Dezember léisst een, obwuel se meeschtens hektesch ass, trotzdeem öfters mol eng kleng Paus aleeë, fir nozedenken an e Gank zréckzeschalten.
En Highlight ass a bleift dobäi och den Adventskalenner, deen ee mat villen Iwwerraschungen duerch di kal Wochen am Dezember begleet. Verschidde Leit behaapte jo souguer, dat wier fir si den eenzege Grond, fir moies opzestoen tëscht dem 1. a 24.12. Di puer relax a spannend Minutte moies virum Kalenner als Highlight vum Dag.
Mir kruten dëst Joer en Advents-Gewürzkalenner vu ganz léiwe Frënn geschenkt. Sou een hate mer bis ewell nach net. Ech hu lo grad mat dem Gewürz, wat hannert der éischter Dierche verstoppt wor, eng Spekulatius-Creme gemaach, déi sech zwou Wochen hält. An dat huet richteg Spaass gemaach.
Eis Kanner sinn dëst Joer ganz minimalistesch ënnerwee fir d'Feierdeeg - op hire Wonsch hin. Dat gëllt och fir den Adventskalenner.
Se wollten net deen übleche mam ville Schockela, mee ee ganz perséinleche vun eis mat lauter Saachen, déi een net ze kafe kritt an déi e bëssen ewech vum typesche Chrëscht-Konsum féieren.
Ok, sou 100%eg ass et eis nun net gelongen, mee mir si schonns net sou schlecht. ;)
A wie wees: Vläit freet dir iech, och wann den Advent haut ugefaanen huet, iwwer e bëssen Inspiratioun fir di nächst Wochen:
Dag 1: en kleng, mee ëmweltfrëndlech Spruddeltablett fir an d'Bidden
Dag 2: eng extra erausgesichte Geschicht fir owes
Dag 3: eppes, wat mir genial un eise Kanner fannen
Dag 4: eppes Schéines, wat mir eise Kanner wënschen
Dag 5: e flotte Sproch, fir driwwer nozedenken
Dag 6: all Kand kritt säi Lieblingsiessen owes gekacht
Dag 7: 3 Stonnen exklusiv Zäit mam der Mamm oder dem Papp
Dag 8: e Rätsel, wat muss geléisst ginn
Dag 9: en Ausmolbild / e Mandala
Dag 10: e Witz
Dag 11: ee Fairtrade Schokotéi
Dag 12: e Film zesummen um Canapé
Dag 13: eng Extra-Kuschel-Séance
Dag 14: eng Klangschalemassage
Dag 15: 3 Stonnen exklusiv Zäit mat der Mamm oder dem Papp
Dag 16: eng Extrafrisur fir an d'Schoul
Dag 17: Schockelasbréidercher selwer baken
Dag 18: eng Fantasierees
Dag 19: eng séiss Bébéfoto
Dag 20: eng schéin Erënnerung aus der Kandheet
Dag 22: e leckere Schocki mat Chrëschtgewürz
Dag 23: e Chrëschtspadséiergank
Dag 24: e klénge Schokokleeschen
An deem Sënn: Genéisst den Owend vum 1. Advent! :)
]]>
Nach 44 Deeg...]]>Josianehttps://www.your-coach.lu/single-post/2019/11/17/Nach-44-Deeghttps://www.your-coach.lu/single-post/2019/11/17/Nach-44-DeegSun, 17 Nov 2019 16:25:02 +0000
Ech si lo net onbedéngt di grouss Verfechterin vun de gigantesche Virsäz fir en neit Joer. Léiwer een oder zwee kleng Ziler, déi sech gutt ëmsetze loossen wéi X grousser, un deenen ee scheitert an déi dohir Frust ausléisen.
Lo um Enn vum Joer, et sinn nach 44 Deeg, bis 2020 ufänkt, fannen ech awer eng Bilanz wichteg. Net just, well gläich en neit Joer ufänkt, mee virun allem, well e Joerzéngt op en Enn geet.
Vläit hues du jo och Loscht, e bëssen iwwert däi läscht Joerzéngt ze reflektéieren?! :)
* Wat wore Meilesteng an deene Joere fir dech - privat a berufflech?
* Wat ass dir extra gutt gelongen?
* Wat wore schéin Erfahrungen a Begéignungen?
* Wat krus de eventuell net sou hin wéi erwaart oder erhofft?
* Wat huet dat dir trotzdeem bruecht?
* Wéi eng Grenzerfahrungen hues de vläit gemaach?
* Wat huet dech méi staark gi looss?
* A wéi enge Momenter hues de deng Gefiller gewisen respektiv zréckgehalen?
* Hues de genuch no dir an denge Besoinë gekuckt?
* ...
* ...
Vläit hues de jo Loscht, dir dat opzeschreiwen? Oder eng Strooss op e Blat ze molen a mat wichtege Statiounen an Erliefnësser ze beschrëften?
Kucke mer mol op dat neit Joerzéngt: * Op wéi eng gutt Iddië bréngt dech däin Iwwerbléck fir di nächst 10 Joer - oder, loosse mer mol éischter soen, fir di éischt sechs Méint vum neie Joerzéngt?
* Wou gesäiss du dech?
* Soll däi Liewe sou weidergoe wéi bis ewell?
* Oder wëlls de eppes änneren?
* Wat jo: Wat genee?
* Wéi eng Dreem hues de z.B., wéi eng verréckt Pläng, déi's de dech nach nie getraut hues, ëmzesetzen?
* Wéi kéins de konkret virgoen, se ëmzesetzen oder en Deel dovunner Realitéit ginn ze loossen?
* Wat wëlls de neméi an dengem Liewen?
* ...
* ...
An e bësse méi wéi engem Mount ass et do. Also, profitéiert vun der Zäit, déi dir 2019 nach bleift, fir dech op 2020 virzebereeden! :)
]]>
Rouh...]]>Josianehttps://www.your-coach.lu/single-post/2019/01/19/Rouhhttps://www.your-coach.lu/single-post/2019/01/19/RouhSat, 19 Jan 2019 18:01:10 +0000
De Robert Koch hat et virausgesot: "Enges Dags wäert de Kaméidi de Feind Nummer eent fir eis Gesondheet sinn."
Hautesdags si mir, besonnesch, wa mer an der Stad schaffen a virun allem wunnen, immens ville Geräuscher, immens vill Kaméidi ausgesat - am normalen Alldag a bei ville Leit speziell och am Beruff, deem si noginn.
Du kenns dat aus dengem Alldag: dat haart Gekickels vun den Teenië moies am Bus, de Kaméidi aus dem Stroosseverkéier, d'Pneuen, déi quietschen, wann d'Autoë sou just nach virun der rouder Luucht gebremst kréien, d'Diere vun de Camionën, déi d'Restaurantë beliwweren, de Won vum Service d'hygiène, deen d'Stroosse kiert, de Kaméidi vun de Maschinnen, déi agesat ginn, fir d'Tramsligne auszebauen, d'Kaffismaschinn op der Aarbecht, de Printer, deen dauernd leeft, d'Dieren, déi klaken, d'Clientën, déi haart diskutéieren, d'Geräuschkuliss am Restaurant an denger Mëttespaus, d'Musek, déi aus dem Lautspriecher kënnt, den Zuch, dee bremst, nodeems en an d'Gare agefuer ass, däin Highspeed-Blender owes an der Kichen, däi Mailprogramm, deen och no der Aarbecht am Sekonnentakt pingt, deng Kanner, déi streiden, deng Spullmaschinn, déi leeft, d'Telëe, déi un ass, den Noper, deen um 22 Auer op d'Iddi kënnt, an d'Mauer ze bueren, däi WhatsApp, deen nuets geet, de Wecker op Snooze, moies d'Waasser vun der Dusch, de Föhn, dee brummt...
En ze héije Schallpegel schiedegt eist Gehéier. Kaméidi, deen eis op de Su geet, versetzt eis an e Stresszoustand, mir schëdden deemno Stresshormoner aus. Eis Konzentratioun leid, wann zevill Kaméidi ass, mir ginn aggressiv, midd, nervös, hunn deels Problemer mam Häerz, Kreeslaf a Bluttdrock, eise Schlof ass neméi erhuelsam. Dat mierkt ee virun allem och bei Kanner, déi vill Kaméidi ausgesat sinn.
Natierlech brauche mir Mënschen déi Geräuscher, fir eis kënnen z'orientéieren a fir eist Gehéier ze trainéieren.
Mee heiansdo geet engem dat Ganzt dach fatzeg un d'Nerven an et wënscht ee sech Rouh, oder?
Mee wou fënnt een déi Rouh hautesdags?
Ech kenne vill Leit, déi an e Retreat ginn, souguer deels an e Klouschter, wou d'Schwätzen dagsiwwer verbueden ass, fir einfach e puer Deeg total ze deconnectéieren, virun allem och vum Alldagskaméidi.
Sou wäit muss ee mol net goen. Et brauch een och kee schalldicht Zëmmer doheem. Et hëlleft schonns, wann ee vun Zäit zu Zäit an de Bësch geet. Natierlech net, wann een um amenagéierten Trëppelwee bleift, mee einfach déif an de Bësch erageet, dohinner, wou d'Beem d'Geräuscher aus eisem Alldag ofschwächen a wou ee just nach "Bëschgeräuscher" héiert.
Kierchen, fannen ech, an dat lo ouni reliéis ze sinn, erlaben engem et am Alldag, hannert hiren décke Mauere kuerz vun der gewinnter Geräuschkuliss ofzeschalten. Nieft de Kierche läit oft de Kierfecht. Och wa vill Leit et makaber fannen, doriwwer ze trëppelen, ass dat awer eng Plaz, déi eng absolut Rouh a Friddlechkeet ausstraalt, wou wéineg Kaméidi ass.
Doheem kann ee sech och zéng Minutte Rouh gënnen, wann ee ganz eleng do ass. Et schalt een den Handy, Computer, d'Tëlee aus an zitt sech an en Zëmmer zréck, wat net grad op der Haaptstrooss läit. An dann Aen zou, entspaant dohinner sëtzen, déif an an aus otmen a sech a seng Gedanken einfach dreiwe loossen.
An deem Sënn: Gënn dir e bësse Rouh. :) :)
]]>
Neijooschdown]]>Josianehttps://www.your-coach.lu/single-post/2019/01/03/Neijooschdownhttps://www.your-coach.lu/single-post/2019/01/03/NeijooschdownThu, 03 Jan 2019 15:41:14 +0000
E ganze Koup Leit ronderem dech sinn top gelaunt, wënschen dir ganz euphoresch e gutt neit Joer, stieche voller Iddiën, wéi se 2019 gestalte kënnen.
Mee du fills dech melancholesch, traureg, zimmlech down, a kanns dir mol net erklären, wourunner et läit. Den Driff ass fort, du bass midd an dätsch, empfënns Onsécherheet.
Fir dech ze berouegen: Sou aussergewéinlech sinn deng Gefiller a Gedankegäng zu dëser Joereszäit net. Vill Leit entwéckelen dräi Deeg vir an dräi Deeg nom Joereswiessel negativ Gedanken.
Kee Wonner, ass dat dach grad déi Zäit, an däer ee Bilanz zitt, kuckt, wat am ale Joer gutt a manner gutt gelaf ass, e Bléck op d'Réckschléi werft, déi een huet missen astiechen. Et freet ee sech och, wat dat neit Joer bréngt, wat zu villen Zweifele féiere kann.
Natierlech spillt bei denger Stëmmung och di däischter Joereszäit eng Roll, di ee souwisou méi midd an nodenklech mécht.
Wat kanns de maachen? Natierlech d'éischt mol deng Gefiller zouloossen.
An dann, amplaz dech just op dat Negativt aus dem Joer 2018 ze fixéieren, wier elo de Moment do, och e puer positiv Saache festzehalen.
Huel dir einfach fënnef Post-Its a schreif op all Blat eppes Guddes op, wat zejoert markéiert huet. Dat musse jo lo net di riseg Geschützer sinn, och schéi kleng Momenter, z.B. e flott Gespréich mat engem léiwe Mënsch, kënnen dozou gehéieren. Looss déi Revue passéieren. An huel dir Zäit dofir.
Wat ass mat 2019? Wat wënschs de dir? Maach dir mol eng Lëscht mat wéinstens fënnef Saachen.
Sich dir déi fir dech wichtegst eraus. Wéi kanns de se erreechen? Wat brauchs de fir se z'erreechen? Hal dir e puer Iddië schrëftlech fest.
A lo maach deng Aen zou a stell dir mol fir, du häss dat Zil erreecht. Wéi fillt sech dat un? Wat gesäiss de ronderem dech? Wie freet sech mat dir? Mol dir a Gedanken d'Detailer vun deem flotte Moment aus.
Vläit wier et jo och eng Iddi, eng Ronn spadséieren ze goen an dir dobausse Gedanken iwwert dat Schéint, wat di nächst 12 Méint bréngen, ze maachen.
Da fills de dech sécher gläich eng Grimmel besser. :)
]]>
Di gutt Virsäz fir 2019Josianehttps://www.your-coach.lu/single-post/2018/12/23/Di-gutt-Virs%C3%A4z-fir-2019https://www.your-coach.lu/single-post/2018/12/23/Di-gutt-Virs%C3%A4z-fir-2019Sun, 23 Dec 2018 16:59:39 +0000
Gläich ass den 31.12. an domat Enn vum Joer. Du kenns et och - deen Dag hëllt ee sech oft ganz fest Virsäz fir dat neit Joer. Leider ass et awer meeschtens esou, datt een 3/4 dovunner schonns no enger knapper Woch kippt. Oder? Du gëss mer sécher Recht.
D'Fro ass elo, wats de maache kanns, fir d'Chancen z'erhéijen, datts de deng Virsäz 2019 och anhälls.
Hei e puer "Tricker":
1. Manner amplaz méi: Amplaz dir honnert verschidde Virsäz ze huelen, léiwer mol een erauspicken. An dee soll dir wierklech wichteg, also en Häerzensvirsaz ♥️, a virun allem realistesch (!!) sinn.
2. Dee Virsaz formuléiers du ganz konkret, méchs en Zil draus. Schaff hei och mat konkreten Datummer a bleif mol fir d'éischt relativ zäitno, z.B.: "Ech wëll tëscht dem 1. Januar an dem 15. Februar 2019 all Moies beim Kaffi ee grénge Smoothie amplaz Jus aus dem Tetrapak drénken" amplaz "Dëst Joer gëtt lo mol ganz gesond gelieft."
3. Schreif dir dee Virsaz op, fir datt en net diffus anzwousch an dengem Kapp kreest✍️; du kanns en op e Post-It un de Spiggel pechen, an däin Handy tippen, dir en all Moies beim Opstoen an owes beim Schlofegoen nach eemol ukucken, e bewosst duerchliesen.
4. Iwwerlee dir, wats du vun Zäit, Opwand an Asaz brauchs, fir de Virsaz och ëmzesetzen. Schreif dir dat och op a bau et beim normale Wocheplanning mat an, z.B. eemol d'Woch frëscht Biouebst a -geméis kafe goen; an der Woch owes Uebst a Geméis schnëppelen an et a Boxen am Frigo stockéieren, fir moies ouni Stress de Smoothie zesummenzewierfelen...
5. Setz dech selwer awer lo net zevill ënner Drock; gëff dir mol wéinstens ee Mount, fir dat Ganzt z'implementéieren 💪. Di éischt Deeg sinn ëmmer di schwéierst. Et geet eben net vun haut op muer, Virsäz ze konkretiséieren, dat brauch ebe Motivatioun, Zäit an Disziplin.
A vläit hues du jo och Loscht, dech z.B. mat engem Frënd, enger Kollegin, engem Familljemember zesummenzedinn? Grad Kanner kann ee jo motivéieren, hire Virsaz anzehalen, wann ee selwer mam gudde Beispill virgeet.
An dat Allerwichtegst: Lee einfach emol lass!! :) :)
Bonne chance dobäi 🍀🍀
]]>